Wichtege Sécherheetshiwäis

Besëtzer vu Schläifapparater vun de Modeller PSS 2 A, PSS 20 A, PSS 190 AC, PSS 200 A, PSS 200 AC, PSS 250 A, PSS 250 AE a PSS 2000 A aus dem Produktiounszäitraum Juni bis August 2007 gi gebieden, Folgendes ze beuechten: Dës Apparater däerfe vun elo un net méi genotzt oder weidergi ginn. Betraffen Apparater gi käschtefräi getosch. Ënner folgendem Link fannt Dir de Sécherheetshiwäis.

Sou iwwerpréift Dir, ob Äre Schläifapparat betraff ass:

1. Iwwerpréift, ob Dir en Apparat vun de betraffene Modeller hutt:

Folgend Modeller si betraff: PSS 2 A, PSS 20 A, PSS 190 AC, PSS 200 A, PSS 200 AC, PSS 250 A, PSS 250 AE a PSS 2000 A. Wéi ee Modell Dir hutt, kënnt Dir direkt um Apparat ofliesen (wou genee, gesitt Dir am folgende Bild).

Wann Dir en Apparat vun den opgelëschte Modeller hutt, kéint Ären Apparat betraff sinn. Fir dëst ze préiwen, fuert w. e. g. mat Schrëtt 2 fort. Wann Ären Apparat zu kenger vun dëse Modeller gehéiert, dann ass Ären Apparat net betraff.

2. Iwwerpréift, ob Ären Apparat betraff ass:

Drot w. e. g. d'Apparats- a Seriennummer vun Ärem Schläifapparat an de folgende Préifformulaire an. Wou Dir dës op Ärem Apparat fannt, gesitt dir am folgende Bild opgewisen. Beuecht w. e. g., datt béid Felder ausgefëllt musse ginn.

Bei Réckfroen erreecht Dir eis käschtefräi Servicehotline ënner: 00800 83 646 704

Eis Servicehotline ass wéi follegt erreechbar:

Méindeg bis Freideg: 08:00 bis 20:00 Auer